Portes ouvertes

Een Atelier „Finance Responsable“ fir d’2CDG

Een Atelier „Finance Responsable“ fir d’2CDG

D’Schüler vun der 2CDG kruten den 21. Abrëll een interessante Virtrag zum Thema “Finance responsable” gehalen.

De Julien Froumouth, Conseiller en finance durable vun der Bankenassociatioun ABBL an den Olivier Goemans, Conseiller et coordinateur ESG vun der BIL, sinn op Réiden komm an hunn eise Schüler dëse Sujet virgestallt.

Lass gaangen ass et mat enger genereller Introduktioun zu den Aktivitéite vun de Banken.

Weider goung et dunn mat den ESG-Krittären. ESG steet an dësem Kontext fir « critères Environnementaux, Sociaux et de Gouvernance ». Un Hand vun dëse Krittäre kann eng Investment-Strategie ausgeschafft ginn déi sech net eleng um Rendement vun enger Investitioun orientéiert, mä wou och hiren Impakt op d’Ëmwelt an eis Gesellschaft mat abezu gëtt. Esou huet den Här Goemans eise Schüler erkläert, datt all Investitioun (an Aktien, Obligatiounen oder Fongen) oder eng “empreinte carbone“ huet, also een Afloss op eis Ëmwelt huet.

Un Hand vun enger étude de cas déi em d’Drénkwaasser an Amerika gaangen ass, konnten d’Schüler vun der 2CDG d’Konsequenze vun der Aktivitéit vun enger Entreprise op d’Ëmwelt an d’Gesellschaft erkennen.

Des weidere kruten d’Schüler erkläert, datt Nohaltegkeet fir eng Entreprise net just ee Käschtefacteur ass, mä eng Entreprise kann iwwert dëse Wee och hiren Ëmsaz a Benefice steigere. Esou änneren ëmmer méi Clienten hiert Kafverhalen a sichen gezillt Betriber aus déi Verantwortung weisen.   

D’Lëtzebuerger Finanzplaz ass an der Tëschenzäit ee Virreider an dësem Domaine ginn, esou huet Lëtzebuerg z.B. als éischt Land ee legale Kader fir d’Emissioun vu “gréngen” Obligatioune geschaf.

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons