Grille d'intervention

Grille d'intervention

Am Kader vun der Preventiounsaarbecht zum Thema Drogen huet den ALR an Zesummenaarbecht mam Service Impuls, der Police Grand-Ducale an dem Parquet vum Bezierksgeriicht Dikrech eng Grille d'intervention ausgeschafft.

Ziel vun der Grille d'intervention drogues légales et illégales ass et dem Personal kloer Indikatiounen ze ginn, wéi am Fall vun engem Verdacht op Konsum vu legalen an illegalen Drogen virzegoen ass.

D’Grille d’intervention ass vun engem Aarbechtsgrupp a Kooperatioun mat dem Service IMPULS an der Police Grand-Ducale ausgeschafft ginn. Am Aarbechtsgrupp waren d’Direktioun, de SePAS, d’Enseignanten an den Elterecomité vum ALR vertrueden.

Un d’Publikatioun vun der Grille d’intervention schléissen sech 2 Formatioune fir all d’Mataarbechter vum ALR un, eng Formatioun gëtt gehale vun der Police Grand-Ducale an eng vum Service IMPULS.

Op dësem Wee, wëll den ALR seng Preventiounsaarbecht a Punkto Alkohol, Tubak a Cannabis konsequent weider féieren.

Fir transparent vis-à-vis vun alle Membere vun der Communauté scolaire vum ALR ze sinn ass d’Grille d’interventioun fir jiddereen zougänglech.

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons