Charte
ZÄIT FIR MÉI
ZESUMMELIEWEN
Et ass eis wichteg, datt all Jugendlechen an Erwuessenen, deen an eis Schoul geet, sech wuel spiert, onofhängeg vu Geschlecht, Relioun, sexueller Orientéierung, Hautfaarf an Origine. Dofir liewe mir Toleranz a si géint all Form vun Diskriminatioun. Jidderee vun eis huet d’Recht op Respekt an awer och d’Flicht, sech u Regelen ze halen a sech fir d’Gemeinschaft anzesetzen.
D’Recht op Gedanke-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet gëllt fir jiddereen, mir sinn an dësem Sënn neutral. An eiser Schoul ass weder Plaz fir politesch Propaganda nach fir d’Ausübe vu reliéise Praktiken, wéi och net fir dat ostentatiivt Droe vu politeschen a reliéisen Zeechen.
KOMMUNIKATIOUN
Den Dialog ënnert a mat alle Schoulpartner ass eis wichteg. Mir beméien eis ëm ee respektvollen Ëmgangstoun a probéieren, een deen Aneren ze verstoen.
D’Eltere spillen eng bedeitend Roll fir de schouleschen Erfolleg vun hire Kanner. Dofir siche mir d’Gespréich mat hinnen a lauschteren no.
LÉIEREN
Nohaltegt Wësse vermëttelen a Kompetenzen entwéckelen zeechnen eng gutt Schoul aus. Op Basis vum nationale Léierplang hëllefe mir eise SchülerInnen, sech dëst Wëssen unzëeegnen an dës Kompetenzen an de Coursen ze erschaffen. Innovativ Methoden, Projeten a Stagen ënnerstëtzen dëse Prozess.
RESPONSABILITÉIT
Ugepasst Strukturen erméiglechen et eise SchülerInnen, selbstänneg ze schaffen an ee gesonden Equiliber tëschent Fräizäit a Léieren ze fannen. Doriwwer eraus solle si léieren, responsabel mat hirer Gesondheet, der Ëmwelt an de modernen Technologien ëmzegoen.
Eng exzessiv Notzung vun digitale Geräter a soziale Medien huet negativ Auswierkungen op dat mentaalt Wuelbefannen, d’kierperlech Entwécklung an d’schoulesch Leeschtunge vu Kanner a Jugendlechen. Dofir responsabiliséiert eis Schoul déi ganz Communautéit vum ALR duerch Screen-Life-Balance-Moosnamen.
Eis Schoul ënnerstëtzt d’SchülerInnen an hirer Entwécklung hin zu kriteschen a mëndege Bierger. Déi Erwuesse si sech dobäi hirer Virbildfonktioun bewosst.
BEGLEEDUNG
D’Direktioun, d’Léierpersonal, de Service éducatif an d‘Mataarbechter vum SePAS ënnerstëtzen d’SchülerInnen dobäi, hire Wee ze fannen a sech och géigesäiteg ze hëllefen. Am Schoulalldag a besonnesch am Coach, an der Fola, am Tutorat, am Appui/ILSA an och während dem Stage sinn déi Erwuessen hir Uspriechpartner.
Am Internat gëtt d’pädagogescht Team de SchülerInnen d’Méiglechkeet, sech an engem strukturéierten Ëmfeld op hire schoulesche Wee ze konzentréieren an eng sënnvoll Fräizäitgestaltung ze erliewen.
BEWÄERTUNG
Mir iwwerpréiwe regelméisseg d’Wëssen an d’Kompetenze vun eise SchülerInnen. Mat den Epreuves communes internes schafe mir klasseniwwergräifend vergläichbar Unterrechtsinhalter an Evaluatiounskritäre fir all d’SchülerInne vun engem Joergang. D’Annexe au bulletin gëtt dem Léirenden eng Réckmeldung zu senger Aarbechtshaltung a senge soziale Kompetenzen.
ORIENTATIOUN
An enger Zäit vu wuessenden Ufuerderungen un déi Jonk huele mir d’Virbereedung op d’Beruffswelt ganz eescht. Coach- an Tutoratsstonnen hëllefen eise SchülerInnen, sech an hir Interessie besser kennenzeléieren. D’Studieberodung duerch d’Cellule d’orientation sou wéi och d’Stagen an de Betriber sinn dobäi ganz wichteg.
PERSÉINLECHKEETSENTFALUNG
Een Zil vu Schoul ass, datt d‘SchülerInnen sech zu staarke Perséinlechkeeten entwéckelen. Mir bidden de SchülerInnen d‘Méiglechkeet, hir Talenter an Interessien a ville verschiddene Beräicher ze entdecken a si ze fërderen.
REGIONALITÉIT
Mir sinn eng Schoul agebonnen an eiser Regioun, fir eis Regioun, an där mir d’Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner, de Betriber an den Institutioune sichen a fërderen.
