Historique

Historique vum ALR

Am Ufank vum neie Joerdausend war de politesche Wëllen do, fir am Weste vum Land ee Lycée ze bauen.

De 25. November 2003 gëtt d’Gesetz fir d‘Créatioun vum Réidener Lycée ugeholl. Déi nei Schoul sollt souwuel d’Ausbildung am Classique (ESC), wéi och am Général (ESG, fréieren Technique) ubidden. Am Cycle inférieur sollt et Klassen am ESC an ESG ginn, am Cycle supérieur wollt een sech am Ufank op d’Commerce-Klassen am ESG spezialiséieren.

D’Gebai selwer sollt aus 43 Klassesäll, 18 Spezialsäll (Chimie, Physique, Musek, Konscht, Sciences naturelles, Sciences sociales), 6 Atelieren, enger Kantin mat 320 Plazen an enger eegener Kichen, enger Cafeteria fir 100 Persounen, engem Cybercafé, enger Bibliothéik, engem Festsall, enger Sportshal, enger Piscine, engem Sportsterrain an engem Internat fir maximal 100 Schüler bestoen. Mat 90 Millioune sollt de Lycée méi kaschte wéi de MUDAM an dat fir e Maximum u Komfort fir Schüler a Enseignanten ze garantéieren.

 

De Claude Boever gëtt den 1. Abrëll 2004 als Direkter vum „Lycée technique et Internat de Redange“ nominéiert. Hie betount, datt de Lycée eng wichteg regional Roll wäert spillen a sécher e Motor fir de Weste vum Land wäert ginn. Säi Büro bezitt hien an engem Container an direkter Noperschaft zum Chantier, de Mëtt 2004 ufänkt.

 

Den 13. Abrëll 2005 war d‘pose de la première pierre: De Projet vum Réidener Lycée, sou déi deemoleg Educatiounsministesch Mady Delvaux, war längst fälleg an et géing een domat d‘Regioun revaloriséieren an eppes géint de „vide scolaire“ an der Regioun maachen.

Den 20. Januar 2006 gëtt de Règlement grand-ducal ugeholl, datt de Lycée vun elo un de Numm Atert-Lycée Réiden dréit.
Vun 2006 bis 2008 schafft e Steiergrupp vun 18 Enseignanten an Éducateure (G18) am Container nieft dem Chantier un engem innovative Schoulkonzept an um Profil vum Atert-Lycée. D’Schoulkonzept war awer net als spezielle Pilotprojet geduecht, sou datt déi spezifesch pädagogesch Neierungen vum ALR an d’Rumm vun enger ganz „normaler“ Schoul integréiert hu misse ginn.
Vun 2006 bis 2008 schafft e Steiergrupp vun 18 Enseignanten an Éducateure (G18) am Container nieft dem Chantier un engem innovative Schoulkonzept an um Profil vum Atert-Lycée. D’Schoulkonzept war awer net als spezielle Pilotprojet geduecht, sou datt déi spezifesch pädagogesch Neierungen vum ALR an d’Rumm vun enger ganz „normaler“ Schoul integréiert hu misse ginn.
Ufank 2008 gëtt den Aly Trausch als Directeur adjoint vum ALR genannt. De Jean-Marie Majerus komplettéiert als Chargé de direction fir d’Voie de préparation d’Équipe vun der Direktioun.
Am Schouljoer 2008/2009 mécht den ALR offiziell seng Dieren op an de Schoulbetrib leeft un. Dat éischt Schouljoer start mat 360 Schüler, déi op 19 Klassen opgedeelt sinn, a 45 Enseignanten. Am Internat fänken 21 Schüler un. Attraktiv ass de Lycée zu dësem Zäitpunkt net nëmme wéinst senger Niddreg-Energie-Bauweis, mee hie steet och fir Dezentraliséierung vun der nationaler Schouloffer a fir en innovatiivt Schoulkonzept.

Am September 2011 gëtt d’Direktioun op fënnef Leit erweidert, de Jeff Kohnen an de Yann Schneider iwwerhuelen d’Funktioun vum Attaché à la direction.

Am Juli 2012 ass déi éischt Diplomiwwereechung am ALR. D’Schüler vun den Ofschlossklassen 13eGE, 13eCG an T3CM kréie feierlech hiren Diplom iwwerreecht.


Ab dem Schouljoer 2014/15
féiert den ALR de Semestersystem fir all d’Klassen an. Dem Leetsatz vum ALR „Zäit fir méi“ entspriechend, gëtt sech vun dësem Projet d’innovation pédagogique eng méi harmonesch Verdeelung vun de Léier- a Prüfungsmomenter erwaart. D’Klassen vun der Voie de préparation funktionéieren aus organisatoresche Grënn weiderhin am Trimesterrhythmus. De Projet “Semester” gouf no 3 Joer ganz positiv evaluéiert an ass deemno bäibehale ginn.

Am Juni 2015 geet déi éischt 1re classique an den Examen de fin d’études secondaires a begeeschtert – genau wéi hier 13e- an T3-Matschüler – mat exzellente Resultater.

Am Oktober 2015 verléisst den Directeur adjoint Aly Trausch de Lycée fir e Posten um Ministère unzehuelen. De Jeff Kohnen iwwerhëlt de Posten a gëtt neien Directeur adjoint. Den Alexis Schloesser réckelt no an verstäerkt d‘Direktiouns-Team als neien Attaché à la direction.

Well déi raimlech Kapazitéite voll ausgenotzt sinn, gëtt e Fligel bäigebaut, deen am September 2016 a Betrib ka geholl ginn. Um Rez-de-Chaussée vun dësem Fligel kënnt déi regional Musekschoul ënner, wat erëm déi enk Relatioun tëscht dem Lycée an der Regioun ënnersträicht. Dem ALR stinn ab elo 10 zousätzlech Klassesäll, 1 Informatikssall a 5 Spezialsäll fir d'Naturwëssenschaften zur Verfügung.

 

Am Schouljoer 2018/19 stinn d‘10 Joer-Feierlechkeeten un. Fir deen Ulass gëtt e neien, zousätzleche Logo entworf. Den Entworf, deen erausgewielt ginn ass, staamt vum 1re-Schüler Joan Schonne Dondelinger a stellt de faarwege Waasserbompel, also een Äisvull, duer, déi een un der Atert och alt mol zu Gesiicht kritt.

 

Am September 2019 huet d’Jessie Heintz de Posten als Attachée à la direction vum Yann Schneider iwwerholl, dee sengersäits eng Tâche beim Sportministère unhëlt.
Am Schouljoer 2019/20 zielt den ALR ronn 1.300 Schülerinnen a Schüler, déi vun 161 Enseignanten an 22 Éducateuren, Psychologen an Assitants sociaux encadréiert ginn. Net manner wéi 33 Leit an der Administratioun an dem Service technique ënnerstëtzen si dobäi op alle Fronten.

 

Am Schouljoer 2020 kënnt et zu engem historesche Wiessel un der Spëtzt.

No 16 Joer als Direkter vum Atert Lycée Réiden, geet de Claude Boever a seng wuelverdéngte Pensioun a gëtt zum Directeur honoraire genannt. Mat enger Tréin am Knapplach krut de Claude matten an der Pandemie ee wierdegen Äddi.

Ënnert den Ovatioune vun der ganzer Schoulcommunautéit mat an der tëscht iwwert 1.400 Schüler gouf dem Claude am Summer 2020 Merci gesot.

No 5 Joer als Directeur adjoint gëtt de Jeff Kohnen am September 2020 als neien Direkter vum Atert Lycée genannt.

Den Alexis Schloesser gëtt am Oktober 2020 den neien Directeur adjoint an d’Carole Matgen mécht als nei Attachée à la direction déi nei Équipe komplett.

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons