FOLA

FOLA - (follow up learning activities)

Am ALR huet all Schüler an der Reegel 3 FOLA-Stonnen an säi Stonneplang integréiert. An däer Stonn schafft de Schüler u sengem Wocheplang, wou mat Hëllef vun Übungen an differenzéierten Aufgaben d’Wëssen aus deenen eenzele Fächer opgeschafft a gefestegt soll ginn.

Wocheplang

Ufanks der Woch kréien d’Schüler hire Wocheplang; si hunn dann eng Woch Zäit fir d’Aufgaben aus deenen eenzele Fächer ze maachen. D’Aufgabe verdéiwen d’Verständnis an d’Schoulmatière a preparéieren op d’Prüfungen, déi och mindestens 1 Woch virdrunn um Wocheplang vermierkt si, mam ofzepréifende Programm.

D’Aufgabe sollen eegestänneg gemaach ginn, woubäi d’Méiglechkeet besteet eleng, mat Partner oder och a Gruppen zesummen ze schaffen. D’Hëllef vum Enseignant an der FOLA-Stonn ass ëmmer da gefrot, wann d’Schüler net méi weiderwëssen. Donieft ass et och méiglech während der FOLA-Stonn an der Schoulbibliothéik ze recherchéieren oder Aufgaben digital opzebereeden.

D’Eegeverantwortung an d'Selbstännegkeet si prioritär a stinn nieft de Sozialkompetenzen an der FOLA-Stonn am Virdergrond.

Zilsetzungen

  • Selbstännegkeet an Eegeverantwortung: sech d’Aarbecht eegestänneg andeelen a fir säi Schaffe Verantwortung iwwerhuelen,
  • disziplinéiert an effizient Schaffen,
  • Schaffen am eegenen Tempo,
  • Léieren ëm Hëllef ze froen, op bei Matschüler oder dem Enseignant

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons