D’ALR Mini-Entreprisen : Net manner wéi 7 Mini-Entreprisë goufen dëst Schouljoer vun eise Schüler gegrënnt!
Am Kader vun der Optioun « Mini-Entreprise » entwéckelen d’Schüler selwer ee flotte Produit oder Service, dee si dann och bei verschiddene Geleeënheeten am ALR (Elterendag, Theaterowend, …), mee och ausserhalb vum ALR (Hobbymäert, Ventes en commun, …) zum Verkaf ubidden.
Zesumme schaffen eng 26 Schüler aus 10 verschiddene Klassen un der Entwécklung an dem Verkaf vun hire Produiten. Hir « Assemblée Générale de Constitution » hu si hannert sech, elo geet et richteg lass mat der Produktioun an dem Verkaf.
Méi genee Informatiounen iwwert eis Ekippe fannt dir iwwert dëse Link.
https://spark.adobe.com/page/fF80pIvs6DIkl/
Kuckt iech et un! Et lount sech!