Journée de la Commémoration nationale 2023
 

Info | Broschür | Podcasts | Videoreportagen | Temoignagen an Erënnerungen | Schüleraarbechten

 

Info

Sonndeg, de 15. Oktober um 14.30 Auer
am Festsall vum Atert-Lycée Réiden
1, rue du Lycée, L-8508 Redange/Attert

D'Journée de la Commémoration nationale gëtt all Joer ëm den Datum vum 10.Oktober gefeiert, den Dag vun der Personenstandsaufnahme vun 1941, wou d'Schicksal vum Land um Spill war: D'Naziën hate fir den 10. Oktober 1941 eng grouss Vollekszielung, déi sou genannte Personenstandsaufnahme geplangt. Domat wollten se d'Lëtzebuerger Populatioun iwwerzeegen, sech an d'Großdeutsche Reich ze mellen. Op deem Formulaire huet jidderee missen säin Numm, Virnumm, Alter, Adress uginn, mee och d’Relioun, d’Nationalitéit, d’Mammesprooch a "d’Rass" aschreiwen.

D'Resistenz hat séier verstane, datt domat d'Lëtzebuerger géife riskéieren hir Onofhängegkeet ze verléieren: Ganz vill Leit hunn d’Uweisunge vun der Resistenz befollegt an dat, obwuel d’Gefor grouss wor, vun den Däitschen identifizéiert ze ginn.

D'Zuel vun deenen, déi 3x Lëtzebuerg op hire Formulaire geschriwwen haten, war esou grouss, datt d‘Vollekszielung vun den Nazien annuléiert gouf. No dëser Erniddregung léisst de Gauleiter 200 Resistenzler festhuelen. Zwee vun hinne ginn am Februar 1942 gekäppt.

Broschür

Brochür

Podcasts

Fir hier Andréck vun der Visitt vun de KZer Sachsenhausen, Neuengamme an Dachau ze verschaffen, hunn d'Schülerinnen a Schüler dës Podcaste produzéiert.

 

Videoreportagen

Des beweegend Videoreportagen ginn déi perséinlech Andréck vun Schülerinnen a Schüler bei Visitte vu Gedenkstätten zeréck.

 

Temoignagen an Erënnerungen

Georgette Sheehan-Jacoby  Gaston Herz François Theis
Jean Schmit Jean Watry  Michel Rodesch
Pierre Trausch Nicolas Faltz

Alfred Pletschet

 

Schüleraarbechten

Shoah Journée de la mémoire  Ardennenoffensiv 
 Zivil Krichsaffer

 

 

Info | Broschür | Podcasts | Videoreportagen | Temoignagen an Erënnerungen | Schüleraarbechten

 

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons