Windows 10 Upgrade

Windows 10 Upgrade

An dësem Artikel geet et em den rezenten Upgrade op den Windows 10.

Den Upgrade op Windows 10 ass gratis, allerdéngs nëmmen wann een vun enger Windows 7 oder Windows 8 Maschinn den Upgrade mëscht. Normalerweis kritt der eng Notifikatioun vun ärer aktueller Windows Versioun. Doriwwer kennt der den upgrade Prozess starten.

Am Prinzip ginn et zwee Méiglechkeeten beim Upgrade.

  • Et mëscht een den Upgrade an et behëlt een seng Dateien an och déi installéiert Programmer. Des Method huet den Virdeel dass een kann op seng al Versioun zeréckgoen. Zum Beispill am Fall wou eppes net funktionéiert oder een net zefridden ass.
  • Et mëscht een den Upgrade an et behëlt een näischt wat installéiert wor. Dëst ass am Prinzip dat selwecht wei wann een géif alles lëschen an komplett frësch maachen.

Et muss een oppassen dass een den upgrade Prozess vun enger funktionéirender Windows Versioun aus Start an dass en och korrekt fäerdeg gemeet gëtt. Dat leit dorunner dass den Windows sech den Computer mierkt an réischt ab dann kann een spéider och rëm gratis op der selwechter Maschinn installéieren. Zum Beispill am Fall wou een eng Festplatt austauscht.

Den Upgrade ass zwar gratis mee nëmmen bis den 29ten Juli 2016. Ab dann muss een normal bezuelen vir den Windows 10. Et muss een och oppassen dass een net zevill um Banneliewen vun sengem Computer ënnert. Doduercher dass den Windows sech den Computer mierkt wou en installéiert gouf kann dat nämlech dozou feieren dass en dono net zeréck erkannt gëtt.

Allgemeng bleift dozou ze bemierken dass een den Windows 10 Upgrade sollt maachen, well den Support vir al Windows Versiounen iergendwann agestallt gëtt an Microsoft Windows 10 als hier Zukunft ugeséit. Vir weider froen kann een sech op dëser Websäite weider informéieren.

http://windows.microsoft.com/en-us/windows-10/upgrade-to-windows-10-faq

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons