Den 29. Mäerz war 2CC ee ganzen Dag op Visitt am Scienteenslab fir ee klengen Abléck an Fuerscherliewen ze kréien.
"DNA on the tanning bed" - "DNA op der Sonnebänk" war d'Thema mat deem sech d'Schüler vun der 2CC op hirer Visitt am Scienteenslab op der Uni Belval beschäftegt hunn. Mat Hëllef vun molekularbiologëschen Methoden wéi PCR oder Gel-Elektrophorese hunn d'Schüler noweisen konnten, dass UV-Strahlung DNA vun Bakterien veränneren kann a sou och een negativen Afloss op ons DNA kann hunn. Ausserdeem hunn si gesinn, wéi een Labo ausgesäit an ee klengen Abléck an Fuerscherliewen kritt.