Ticket Service Informatique

Ticket Service Informatique

Ech hunn eis eng kleng Applicatioun gebastelt, mat där dir an Zukunft ganz einfach eng Panne informatique bei eis kënnt mellen. Op Nofro bei Aarbechtskollegen war et kloer: kee weidere Login, kee Mail, kee Sichen a Folderen a méiglechst einfach a schnell muss et goen. Logesch dass déi Äntwert kéim...

Et ginn eng Rei vu fäerdege Produkter déi allerdéngs zimlech komplex sinn an déi eng oder aner Contrainte net respektéieren.

D'Applikatioun heescht 'Ticket Service Informatique' a respektéiert all d'Wënsch déi uewen opgezielt sinn :-) Reng informatesch gesinn sinn e puer Saachen dran déi wäit vum optimalen ewech sinn (wat mech nervt), ewéi d'Gestioun vun den Zougangsrechter, dofir sollt dir virsiichteg sinn wann dir eppes läscht well dat fir jiddereen da geläscht ass.

Och ass et déi 1scht Versioun a gëtt jo elo eréischt 'défloréiert'. Wann dir also Iddiën hutt déi d'Saach nach méi einfach kéinte maachen, fäert net mech ze kontaktéieren.

 

Zur Saach:

Benotzt wegl. all ab elo dësen Ticket System!

Wann dir iech op engem PC ageloggt hutt, fannt dir um Desktop e giele Logo mam Numm 'Ticket Service'. Duebel klicken, dann op 'Nouveau ticket'.

Ären IAM an den Datum kommen automatesch dohinner. Just nach d'Problem beschreiwen an iwwert d'Käppercher eraus goen. Dir braucht näischt ofzespäicheren an de Rescht gëtt vun eis erleedegt.

Dir kënnt natierlech och eragoen an einfach just den Zoustand kucke wou mir mat eiser Interventioun dru sinn. Do steet och wien vun eis sech drëms bekëmmert.

Wann dir kee Login kënnt maachen, da musst dir eis iwwert de konventionelle Wee kontaktéieren.

Am Unhang e PDF mat den Erklärungen fir déi, déi soss näischt ze liesen hunn (ech kann iech eng Rei ganz gutt Bicher recommandéieren déi vill méi en héigen Ënnerhaalungswäert wéi dëse Userguide hunn). Dëse PDF (also de langweilege userguide) kënnt och op den Desktop.

Mellt iech bei mir wann eppes net funktionéiert oder net kloer ass.

- Userguide: Ticket Service Informatique

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons