Zil war et sech mat engem eenzegen Ouschteree an d’ Final ze técken an déi dann och nach ze iwwerstoen. Verschidde Kandidate konnte schonns Deeg virdrun net schlofe vu lauter Nervositéit. Et gouf geschweesst a geziddert. Zum Schluss konnt et awer just ee Gewënner ginn an dat war dunn d’ Milena Schroeder vun der 3DG wat ee flotten Tablett gewonnen huet. Felicitatioune vun eiser Säit.
Fir déi, déi et verpasst hunn heescht et leider waarde bis zum nächste Joer, well elo ass den Ouschterhues total ausgebucht. E puer Impressiounen hu mir awer fir iech festgehalen.