Téck Tournéier Mäerz 2018

Téck Tournéier Mäerz 2018

D'Département Informatique dréint duerch! Mir spendéieren eng Nintendo Switch fir deen deen am Eeër Téck Tournéier 7 mol gewënnt. 2 héisch 7 Spiller huelen deel, zu engem Umeldungspräis vun 2 Euro. Mir spendéieren sou guer d'Eeër.

Maacht iech bäi well et gi ganz genau 128 Spiller ugeholl, kee méi a kee manner.

Informatiounen

  • SOLD OUT! Umeldung: Méindes dem 26. an Dënschdes de 27. Mäerz kennt dir äre Bännchen um 09:30 fir 2 € an der Loge kafen: 128 Schüler däerfen een eenzegt Ee fir 2€ kafen. Vum Erléis gëtt den éischte Präis, eng Nintendo Switch. 
  • Et si just 128 Eeër ze verginn, den éischten ass vir. Méindes an Dënnschdes kriss du beim bezuelen ee Bändche wat s du direkt em däin Handgelenk banne muss.
  • Freides de 30/3/2017 um 9h30: D’Eeërtécke fënnt ab 9h30 am Hall vum ALR statt. Du kriss och réischt den Dag, um 9h30, däin Ee wann s de däi Bänndchen um Handgelenk befestegt hues.

ALR Report produzéiert vum Studio ALR.

Kamera: Bob Delli Zotti
Kappkamera: Luca Simon
Interviews: Paul Frank
Editing: Bob Delli Zotti

ALR Report iwwert d'Eeërtécken 2018

Puer Biller vun 2018

Impressiounen vun 2017

Wann dir de Film an d'Photoë kuckt wäert der feststellen, dass jiddfereen sech gutt ameséiert huet...

Regelen

  • All Kandidat huet prinzipiell nëmmen 1 Ee ze gutt an ass aus dem Eeër Técken Turnéier ausgescheet duerch d’Onsportlecht verhalen, net un d’Regelen halen oder wann d‘Ee op mannst ugerass ass.
  • Wann s du bis d’Ee kaaft hues kriss du d‘Suen net méi rëm.
  • Du däerfs just um Turnéier Deel huele wann s du Freides, de 30/03//2018 um 9h50 keng Prüfung hues an natierlech den Dag virdrun ee Bändche kaaft hues.
  • Den Dag vum Turnéier hues du Zäit fir bis spéitstens um 9h35 am Hall an der Zone “Safe Zone” ze sinn, falls du bis dann net do bass da gëtt däin Ee an deng Participatioun un een anere verginn. Dëst well mir genau 128 Spiller brauchen.
  • Du bleifs an der Zone “Safe Zone” bis een Enseignant dech opfuerdert op eng Sëtzplaz um Turnéierdësch ze goen.
  • Wann s du deng zoufälleg Sëtzplaz zougewise kriss, muss du dech direkt ob de Stull sëtzen an däerfs deng Platz net mat engem aneren tauschen.
  • Däin Ielebou muss um Dësch op der éischter Markéierung vun dir opgesat bleiwen an däin Ee hëls du an der rietser respektiv lénker Hand an d’ Luucht Richtung Géigner, mat der Eerspëtzt zum Géigner.
  • Réischt nom éischte Signal muss du d’ Spëtzt vun dengem Ee widdert d ‘Spëtzt vum Ee vun dengem Géigner técken. Dir hutt just ee Coup ze gutt, den an de 5 Sekonnen nom éischte Signal gemaach muss ginn. No 5 Sekonne kennt een 2. Signal wat d ‘Enn vun der Ronn bedeit nodeems och kee Coup méi gemaach däerf ginn.
    • De Gewënner ass den, dem säin d’ Ee nom Coup ganz bliwwen ass.
    • Sinn déi 2 Eeër ganz bliwwen hu dir nach 1 Coup ze gutt. Ass nach ëmmer keen Ee, op mannst ugerass, gëtt per Mënzworf entscheet wien weider ass.
    • Sinn nom Coup déi 2 Eeër ugerass kréien déi 2 Kandidate jeeweils een neit Ee a mussen e neie Coup ausféieren. Wann nach eemol déi 2 Eeër ugerass sinn, gëtt per Mënzworf entscheet wien weider ass.
  • Ass bis zum 2. Signal kee Coup gemaach gi, sinn déi 2 Kandidate raus, an e weidere Spiller gëtt aus dem Publikum gewielt.
  • De Verléierer geet direkt an de Festsall wou hien säin Ee ofgëtt oder et direkt ësst. Mir wëlle keng Sauerei nom Turnéier an der Schoul hannerloossen.
  • De Gewënner bleift sëtzen a stréckt d‘Hand mat sengem Ee an d’Luucht fir säi ganz Ee ze weisen. Nodeems dëst kontrolléiert gouf muss dësen an d’Zone “Winning Zone”.
  • Dat ganz gëtt sou oft widderholl bis just nach 1, net ugerassent, Ee iwwereg bleift. De Gewënner muss 7 Ronnen iwwerstoen ouni dass säin Ee futti geet.

Däin Ielebou muss um Dësch op der éischter Markéierung vun dir opgesat bleiwen an däin Ee hëls du an der rietser respektiv lénker Hand an d’ Luucht Richtung Géigner, mat der Eerspëtzt zum Géigner.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons