Wann een sech selwer well informéieren iwwert Welt vun der Technik, dann ginn et vill Ulaf Punkten am Internet. Déi meeschten Siten sinn allerdéngs dobäi op englesch. An dësem Artikel, well ech e puer vun mengen Favoritten beschreiwen. Des Lescht ass natierlech just en klengen Auszuch vun villen an kann am laf vum Schouljoer erweidert ginn.
Heise http://www.heise.de/
Dëst ass eng Däitsch Séit mat aktuellen News zu allem wat an der Technik Welt sou passéiert. Virun allem hier 7-Tage News http://www.heise.de/newsticker/ sinn ganz praktesch vir sech selwer bësse um lafenden ze halen.
Anandtech http://www.anandtech.com/
Dëst ass eng Englesch Séit mat net nëmmen aktuellen News mee och ganz detailléierten Tester zu Computer Komponenten an Elektronik am allgemengen. Wann een sech also iwwer aktuell Komponenten an Trend s well Informéieren, fënnt een op dëser Séit vill Detail.
Techradar http://www.techradar.com/
Dëst ass eng Englesch Séit mat aktuellen News an Tester zu Elektronik am generellen. Hiert Angebot ass relativ breet gefächert an net spezifesch nëmmen vir Komponenten.