Update: 16.01.2019: Innerhalb vun 2 Deeg war eisen Album ausverkaaft. Stickere sinn awer nach weiderhin ze kréien.
Januar 14: De Stickeralbum ka kaf ginn! Maacht iech bäi, den Interessi no eiser Pub mam rennende Ruben ass grouss.
D'Editioun vum Stickeralbum zu den 10 Joer Feierlegkeeten ass dëst Joer och mat alle Klassefotoen, sou dass d'Schüler och kënne mat sammelen, tauschen a pechen. Mir freeën eis op e groussen Undrang beim Tauschen an alle Pausen, an heianto bestëmmt och an e puer Stonne mam Prof ;-)
D'Präisser si esou gehalen, dass mir mam Verkaf d'Onkäschte kënnen decken.
An enger Enveloppe sinn 12 Sticker drann an si kascht just 1 Euro.
Den Album kascht 5 Euro.
De Verkaf vun den Alben an de Sticker geet Méindes de 14. Januar 2019 lass. An zwar kann ee bei der Loge, am Bureau vum département Informatique (C1) an am Hall selwer den Album an Enveloppe kafen.
Hei eis witzeg Pub fir de Stickeralbum déi op Facebook iwwer 7150 mol gekuckt gouf!
Ruben Gentil: Sprinter
Sandy Muller: Accueil
Philipe Baptista
Sarah Kaufmann
Myriam Büchler
Marie-Laure Lepage
Claude Boever
Jeff Kohnen
Skript, Camera
Gilbert Klee Patrick Linnig
Drone, Editing
Gilbert Klee