Leschten Donneschdeg, den 30 September, huet den Atert-Lycée un der Label-Vergab vun de “Sustainable Entrepreneurial Schools” deelgeholl.
Dëse Programm, den ufanks vum Schouljoer 2020/2021 vum Ministère de l’Éducation nationale an der Direction Générale des Classes Moyennes lancéiert gouf, ënnerstëtzt a fërdert déi Lycéeën déi sech um Niveau vum Entrepreneurship, der Nohaltegkeet souwéi der schoulescher, universitärer a professioneller Orientéierung asetzen.
An als ee vu nëmmen dräi Lycéeën am ganze Land krut den ALR vun de Ministeren Delles a Meisch perséinlech déi héchsten Auszeechnung déi een an dem Programm erreeche kann, de Label Entrepreneurial Culture vum Level 3.
Dëse Label attestéiert eiser Schoul: « Le Lycée a soutenu les élèves activement dans le renforcement de leur esprit d’initiative et de leur capacité d’innovation ainsi que dans le développement des 4C-compétences, compétences phares du 21ème siècle : communication, collaboration, créativité et pensée critique » (Extrait aus dem Zertifikat).
Mir soen iwwert dësem Wee nach emol all den Enseignanten, dem Personal, awer och all de Schüler Merci déi eis op dësem Wee ënnerstëtzt hunn.