Serie Block C (2019)

Studio ALR präsentéiert: BLOC C. Eng Serie aus 5 Episoden.

 

Bloc C: Série aus 5 Episoden

Währenddeem am Atert Lycée Reiden jiddwereen sengen eegenen alldeeglechen Problemer nogeet, passéiert am ALR een tragescht Evenement. Den Herr Peters, een polariseierenden Infosprofessor get ermord. Wien ass den Täter? Wat ass d'Motiv? An wat huet Ragnaröck mat dem Ganzen ze dinn?
Eng fënnefdeeleg Serie, produzéiert vum Studio ALR.

Dëst Joer hu mir geduecht et wier eng gutt Iddi mat der Zäit ze goen, an eng Serie ze produzéieren. Natierlech wousste mir dass dat eng grouss, souguer ganz grouss Erausfuerderung géif ginn. Mir hu ganz laang um Skript geschriwwen bis mer endlech mat den éischte Filmdeeg konnten ufänke. Jidderee huet séier gemierkt, dass déi 90 Minutte Freides bei Wäitem net duerginn fir dëse Projet nach viru der Summervakanz of ze schléissen.
Fir Zäit ze spueren hu mir decidéiert och mat anere Kameraën ewéi eis semi-professionnel Canon ze filmen. Oder hunn eis ausserhalb vun de Schoulzäite getraff.

Social Media

Instagram

YouTube

Bloc C Trailer 1

Ab 3.Juni 2019 kënnt all Méinden 1 Episode vun eiser Serie Bloc C eraus. Hei dann mol den Trailer dovunner fir d'Zong laang gemaach ze kréien.

 

Bloc C Trailer 2

4 Episode si laanscht. Zäit fir e mini Trailer virun der Opléisung vum Fall nächste Méinden. Oder? Mol kucken! 

 

Resumé

E Prof aus dem ALR gëtt ermuerd. Alles mengt et wier en Accident. Op dat da wierklech de Fall war, kënnt dir jo an eise 5 Episode selwer erausfannen.

Episode 1: Mord
Episode 2: Flashbacks
Episode 3: De Psycho Flick
Episode 4: De Mike street Ligen
Episode 5: Fal

Equipe 2018/2019 vum ALR

Regie:
Gilbert Klee, Daniel Balthasar, Michèle Heusbourg

Acteure:
Athanasiou Nithael als Jimmy
Ewertz Sarah als Sasha
Fischbach Gina als Nina
Jacoby Marc als Dylan
Jungblut Jill als Julie
Lafleur Sam als Flick
Majeres Jim als Gustav
Mathay Joé als Mike
Pauly Gil als Matthew alias Loki
Simon Luca als Lancelot
Wallendorf Luca als Louis
Willhems Rhona als Lena

 

 

Episode 1: Mord

Währenddeem am Atert Lycée Reiden jiddwereen sengen eegenen alldeeglechen Problemer nogeet, passéiert am ALR een tragescht Evenement. Den Herr Peters, een Infosprofessor get ermord. Wien ass den Täter? Wat ass d'Motiv? An wat huet Ragnaröck mat dem Ganzen ze dinn? 

Dauer: 08:30 min
Release: Méinden 3. Juni 2019, 18:00

 

Huet e Schüler de Prof ermord?

Hei hues de mol en Iwwerbléck iwwert d'Charaktèren vun der Serie. Gëtt et en Haptverdächtege fier dech?

 

Episode 2: Flashbacks

Wat virum Mord passéiert ass.
Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuerd. Täter? Motiv? Wat huet Ragnaröck mat dem Ganzen ze dinn? Fro ob Fro. 
D'Episode 2 besteet just aus Flashbacks, dat heescht et si lauter Seenen déi virum Mord passéiert sinn. Am Comic Club brutzelt et tëschend dem Här Peters, de Grënner dovunner, an e puer weider Memberen.

Dauer: 8:32 min
Release: Méinden 10. Juni 2019, 18:00

 

Episode 3: De Psycho Flick

Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuert. An der 2ter Episode goufen et just Flashbacks, dat heescht Seenen déi virum Mord passéiert sinn.
An dëser 3ter Episode gi mir gewuer, dass de Flick richteg geféierlech Dommheete mécht, wat him dann och zum Verhängnes gëtt. De Jimmy hëlleft dem Mike, deen doduerch seng Physiksprüfung packt.
Eng fënnefdeeleg Serie, produzéiert vum Studio ALR.
Dauer: 15:46 min
Release: Méinden 17. Juni 2019, 18:00

 

Episode 4: De Mike street Ligen

Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuert. An der 2ter Episode goufen et just Flashbacks. An der 3ter léiere mir déi schwaarz Säit vum Flick kennen. 
An dëser 4ter Episode fällt op, dass e puer Leit frou sinn, dass de Peters fort ass. D'Sasha geet de Flick besichen an de Mike as schwäi rosen.
Eng fënnefdeeleg Serie, produzéiert vum Studio ALR.
Dauer: 9:07 min
Release: Méinden 24. Juni 2019, 18:00

 

Episode 5: Revelation

Den Herr Peters, een Infosprofessor gouf an der 1schter Episode ermuert. An der 2ter Episode goufen et just Flashbacks. An der 3ter léiere mir déi schwaarz Säit vum Flick kennen, an an der 4ter street de Mike Ligen well hien es saat huet vum Sasha gemobbt ze ginn.
Die 5t ass déi läscht Episode. Also misst jo hei de Mäerder entlarvt ginn an an de Bing kommen. Oder?

Dauer: 16:07 min
Release: Méinden 1. Juli 2019, 18:00

 

Zréck op d'Studio ALR Haaptsäit

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons