Uni Lu – Scienteens Lab – Comment conserver un secret ? Cryptographie
En Donneschdeg, den 28 Abrëll, wore Schüler vun der IIIe B, der IIIe C an der IIIe D dee ganzen Dag am Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg um Campus Kierchbierg.
De Sujet vum Dag wor « Cryptographie ou Comment conserver un secret ? »
Dee ganzen Dag hunn eis Schüler Mathé gemaach an hu geléiert wéi eng Methoden et gëtt, fir Noriichten ze verschlësselen a wéi ee Code knackt. Si hunn och geléiert, wéi aktuell Verschlësselunge funktionéieren déi (bal) net ze knacke sinn a wat de mathemateschen Hannergrond ass, datt dat sou ass.
An enger entspaanter Atmosphäre hu si Aktivitéiten, Exercicer a Spiller gemaach a sinn awer och mat knallhaarder Zuelentheorie konfrontéiert ginn. Dee ganzen Dag wore si héich konzentréiert, aktiv bei der Saach an hu sech, wéi ëmmer, virbildlech beholl.