Resultater LASEL: 2. Trimester 2022-23

Resultater LASEL: 2. Trimester 2022-23

Hei puer Resultater aus dem 2. Trimester.

 

5 Schülerinnen hunn den ALR um Badminton Championnat fir net affiliéiert Spillerinnen vun der LASEL vertrueden. D’Lea Weber huet sech eng ganz gutt 6ten Platz bei de Juniorinnen erspillt!

 

Bei de Jongen hunn sech 7 Schüler um Badminton Championnat vun der LASEL bedeelegt.

 

Am Futsal fir Meedercher kënnt eist Team an hirer Poule op déi excellent drëtte Platz.

 

Um Boulder Championnat fir net affiliéiert Klëmmer hunn sech 4 Schülerinnen a Schüler un déi schwéier Wand vum Redrock Climbing Center getraut.

 

Dem Enie Knell an dem Anna Kovacev felicitéiere mir fir de Championstitel an dem Yann Fessaguet ee grousse Bravo fir seng 2te Platz.


D’Liz, den Daniel, den Emilio an de Leo hunn den ALR tapfer um Fight & Fun Day vertrueden. Am Kampf géint dei aner Schoulen kommen sie op déi gutt 8ten Platz!

 

Um Turnchampionnat  vun der LASEL hunn d’Leni, d’Lilly, d’Lara, d’Amy, d’Julie, d’Sarah, d’Phoebe an d’Zoé sech de Championstitel gesechert. D’Lara an d’Leni hunn et am individuellen Ranking och nach op déi 2t an 3t Platz vum Podium gepackt. Ee ganz groussen Bravo un eis sympathesch Equipe!

 

21 Schüler sinn bei guddem Wierder un den Depart vun der Randonnée am Mountainbike gaangen. An 9 verschidde Gruppen konnten sie hiert Kënnen an hier Ausdauer am Bësch tëschent Mamer a Bridel ënner Beweis stellen.

 

Op där flotter Fun in Athletics Competitioun an der Coque iwwerrennen eis Meedercher d’Konkurrenz an huelen sech déi éischt Platz um Podium. Eis Jongen sëcheren sech déi fënneft Platz bei 18 Equippen. Bravo fir des zwou excellent Leeschtungen!

 

Weider Resultater a Photoen op www.lasel.lu

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons