Ransomware

Ransomware

An der lescht gëtt et eng nei Aart an Weis vir Suen ze maachen am Internet. Wann een et wéilt kuerz beschreiwen kéint een soen, dass deng Dateien als Geisel geholl ginn an een dann em Suen erpresst gëtt. Prominent Beispiller sinn zum Beispill den Cryptolocker oder den Locky. Technesch gesinn funktionéiert et folgendermoossen:

  • Du gëss mat engem Virus infizéiert.
  • Deng Dateien ginn verschlesselt, wouduercher den Accès nët méi méiglech ass.
  • Du kriss eng Meldung dass de solls Suen bezuelen vir dass deng Dateien rëm entschlesselt ginn.

 

Infizéieren kann een sech op vill Aart an Weisen. Déi prominent ass, dass een per Mail eng Datei geschéckt kritt wou den Virus dran ass. Ganz oft fënnt een den Virus an ZIP Dateien. Mee och Word oder Excel Dateien kommen vir. Et ginn och méi avancéiert Methoden, wou een iwwer den Internet Browser infizéiert gëtt.
Bei der Verschlesselung hänkt et vun der Aart vun Virus of, mee all nei Versioun gëtt do besser dran.
Meldungen variéieren zwëscht enger Meldung déi am Ufank beim Start vum Windows ageblennt gëtt bis zu Meldungen déi während dem Benotzen vum Windows ageblennt ginn. Dat heescht heinsdo kann een séin Computer nach benotzen an heinsdo net.

Ass den Computer bis infizéieren hänkt et vun der Virus Versioun of op een seng Dateien nach zeréckkritt ouni ze bezuelen. Méi aal Versiounen hunn Feeler enthalen wouduerch een Verschlesselung rëm konnt réckgängeg man. Bei méi neien Versiounen ass dat net ëmmer oder guer net méiglech.
Muss een allerdéngs och soen dass et keng Garantie gëtt, dass nom bezuelen Dateien rëm accessibel sinn.
Dowéinst sollt een éischter dovunner ausgoen dass no der Verschlesselung Dateien verluer sinn.

Vue que dass et keng Garantie gëtt seng Dateien erëmzekréien, ass Präventioun déi beschten Moossnam. Hei en puer tipps:

  • Nimools Dateien dei een per Mail krut einfach sou opmaan. Ëmmer iwwerleeën virdrun. Och wann eng Mail sou wierkt wei wann se vun engem Bekannten geschriwwen wier, soll een ower ëmmer vertréischt nodenken ier een eppes opmécht.
  • Op Websäiten net op alles klicken an eroflueden, dëst gelt natierlech ëmsou méi vir Programmer aus net offiziellen Quellen. Installéiert nimools en Programm wou der net wësst wou en hierkënnt.
  • Virenscanner sollten ëmmer um neisten Stand sinn, vir dass déi neitsten Varianten vun Viren och erkannt ginn.

Nieft deenen Tipps déi een eigentlech sollt ëmmer anhalen, sollt een och regelméisseg Backups vun sengen Dateien man. An zwar op eng extern Platz zum Beispill eng extern Festplack. Déi Festplack soll nom Backup ëmmer vum Stroum an och vum Computer getrennt ginn. Well wann den Virus Zougreff op den Backup huet, ass deen natierlech och net méi ze gebrauchen dono.
Huet een also rezent Backups, kann een doduercher seng Dateien natierlech zeréck spillen. Vergiesst awer net den Computer virdrun vum Virus ze säuberen bezéiungsweis ganz frësch opzesetzen. Ass den Computer nämlech nach mam Virus infizéiert, geet dat ganzt vun vir lass an den Backup ass dann och verluer.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons