En Mëttwoch, den 13. Abrëll 2016, an der klenger Paus (9.30h-9.50h) war firun der Bibliothéik d'Präisiwerreechung fir d'Gewënner vum Concours "Tricky Eastereggs", den an der leschter Schoulwoch (21.-25. März) firun der Ouschtervakanz ofgelaaf as.
Während 4 Deeg, vun Méindes bis Donneschdes, gouf all Dag en neien Problem an 2 Kategorien publizéiert: 1x fir déi kleng Hiesercher (7e-9e, resp. 7e-5e) an 1x fir déi grouss Hiesercher (10e-13e, resp. 4e-1ère). Hier Léisung konnten d'Schüler bis den Dag drop moies an eng Urn an der Haaptentrée vum Gebei ageheien. Des Léisungen sin vum Mathemetty an sengen Mathematikerkollegen ënner d'Lupp geholl gin. Punkte kruten d'Schüler wann se matgemach, déi richteg Léisung ofgin, resp. wann se en expliziten Léisungswee firgeschloen hun.
Insgesamt hun méi wéi 100 Schüler matgemaach an doduerch as folgenden Podium an den eenzelnen Klassestufen entstaanen.
Als Belounung kruten d'Schüler e Bong vun "PaySafe".
Hei e puer weider Andréck: