Olympiade Mathématique Belge - ALR an der Halleffinall vertrueden

Olympiade Mathématique Belge - ALR an der Halleffinall vertrueden

Schüler aus dem ALR an der Halleffinall vertrueden.

De 17. Januar 2018 waren d'Preliminairen vun der berühmt berechtegter "Olympiade Mathématique Belge" (OMB) un där och lëtzebuerger Schüler aus dem Lycée Deel huele kennen. Aus dem ALR hunn insgesamt 62 Schüler (an den 3 verschiddene Kategorien: MINI, MIDI & MAXI) matgemaach. Als Erënnerung: 2017 hunn bei de Preliminairen méi ewéi duebel esou vill Schüler (126) aus eisem Lycée Deel geholl.

"Klasse statt Masse" huet et des Joer deemno a punkto Participatioun geheescht, wat awer anscheinend net verkéiert war. Well wa mir d'lescht Joer 1 Schüler an d'Halleffinall schécke konnten (Jean-Marc FURLANO), esou sinn dat des Joer net manner ewéi 4 Schüler:

  • Jean-Marc Furlano (4eCL1)
  • Félix Bechet (2eB)
  • Nick Felten (2eB)
  • Nicolas Lecomte (2eB)

D'Halleffinall fënnt den 28. Februar 2018 am Lycée Aline Mayrisch an der Staat statt.

E grousse MERCI un jiddereen, dee matgemaach huet an eisen Halleffinalisten: vill Gléck, bonne chance, good luck...

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons