Hei ass een klengen Réckblëck iwwert d'écologësch Exkursioun vun der 2eC an 11ePS op Norderney.
Nodeems sëch d'Schüler am Vierfeld schon mat dem Lebensraum Wattenmeer an der Schoul vertraut gemet hun, konnten sie hiert theoretëscht Wëssen iwwert dësen besonnëschen Liewensraum (Wattenmeer gehéiert zum UNESCO Weltnaturerbe) während 4 Deeg op der Plaz selwer verdéiwen. Folgend Aktivitéiten goufen ënner anerem gemach:
1. Wattwanderung
Ënnert der Leedung vun engem "Insulaner", dem Här Fokken, kruten d'Schüler vill Wëssenswertes an Interessantes iwwert d'Watt erzielt. Natierlech huet e bëssen "Seemansgarn" nët dierfen feelen, wéi z.B. déi berühmt "Wattschweine", déi ëmmer nees am Schlick stiechen bleiwen:
2. Watterkundung
Hei hun d'Schüler selwer d'Watt méi genau ënnersicht: an den 2 Zonen "Sandwatt" a "Mischwat" goufen biotësch an abiotësch Faktoren analyséiert.
3. Wandel(n) im Wilden Osten
Während enger Wanderung vun 3,5h ënnert der Leedung vun enger Biologin, der Mme Finkennest vum Wattenmeerhaus Norderney, kruten d'Schüler Gezeiten, Muschelen, Insel-Entstehung, Dünenbildung an Salzwiesen méi genau erklärt.
4. Meeresforschtertag Teil 1
Mat 2 traditionnellen Fëscher-Geräter (Glieb an Kurre) hun d'Schüler an Strandnähe am Wasser gefëscht. Ziel vun dëser Aktivitéit war, d'Problematik vum Beifang bei der Garnelen-Fischerei ze weisen: bis zu 60-70% gin bei sou Fahrten vun "Krabbenkutter" als Beifang aus der Nordsee rausgefëscht an landen dann deelweis nees doud am Mier oder gin vun den Möwen opgefries! Mir haten hei déi grouss Chance, ee klengen Tëntenfësch ze fänken: den "Alfred" liewt ab elo an engem vun den Aquarien vum Wattenmeerhaus.
5. Meeresforschertag Teil 2
Am Labo goufen am 2. Deel vun dëser Aktivitéit eng ganz Rëtsch Aspekter iwwert d'Wattenmier behandelt. Z.B. konnten d'Schüler anhand vun Sandproufen feststellen, dass bis zu 10% vum Sand um Strand aus Plastik bestet! D'Problematik vum CO2 op den Säuregehalt vun den Mierer gouf och traitéiert an Bestëmmungsübungen zu Muschelen, Viggel an "Strandfünde" goufen och gemet.
Enn Juni présentéieren mer iech dann hei och puer Schülerarbëchten!
EE groussen MERCI geet un den Fonds National de la Recherche, deen ons finanziell ënnerstëtzt huet.