Ökologesch Exkursioun op Norderney

Ökologesch Exkursioun op Norderney

Och dëst Joer sinn mir nees mat Schüler fir 5 Deeg op déi ostfriesëch Insel Norderney gefuer. Niewt der Ökologie fir 3GPs an 2CC stoung dës Kéier och Physik a Mathé um Programm, an zwar fir 2CB

Vum 9. bis den 14. Juni war den ALR mat 3 Schoulklassen, 3GPS, 2CC an dëst Joer fir d’éischt och 2CB op Norderney. Op dëser ökologescher Exkursioun hu 40 Schüler a 5 Begleeder bei relativ guddem Wieder e puer flott a léierräich Deeg erlieft.

Den 1. Dag huet den Eduard Fokken eis op eng Wanderung duerch d’Watt matgeholl an eis den Liewensraum méi nobruecht. Eng kléng Portioun “Seemansgarn” huet natierlech net dierften feelen. Nomëttes ass et dunn um Vëlo iwwert d’Insel gang.

Déi 2 Deeg drop stoungen eng Vogelbeobachtung, d’Strandfischerei an Watterkundung um Programm. Hei hu mir typesch Vigel aus dem Watt kennegeléiert, Krabben, Garnelen an Quallen gefëscht fir Problematik vum Beifang bei der Krabbenfischerei selwer ze gesinn. Mir hunn eis mam Opbau vum Watt beschäftegt, e Wattwurm ausgebuddelt a nach aner Liewewiesen aus dem Watt bestëmmt.

D’Schüler vun der 2CB waren op den Leuchtturm an hir Aufgab war et fir mat Hëllef vun der maximaler Sichtweite den Erdradius ze bestëmmen. Dat selwecht gouf gemaach, andeems mir de Schied vun enger Staang emol zu Réiden an emol zur selwechter Zäit um Strand vu Norderney gemooss hunn. An enger anerer Aktivitéit hu mir probéiert, déi verschidden Kegelschnitter mat Hëllef vum Miersand siichtbar ze maachen.

Um leschten Dag hu mir bei enger ausgedehnter Wanderung duerch Dünen an iwwert den Strand verschidden Muschelen, Planzen sou wéi d’Entstehung vun der Insel an hiren Dünen kennen geléiert.

Ee grousse Merci un den Fond National de Recherche fir déi finanziell Ënnerstëtzung!

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons