No 2 Joer Paus (Pandemie-bedéngt) hunn mir dëst Joer endlech nees dierfte mat Schüler ons traditionell ökologesch Excursioun maachen. Dobäi sinn mir dës Kéier net op Norderney, mee fir d’éischte Kéier op Borkum gefuer. 42 Schüler (2CC an 3GPS) goufe vun 6 Enseignants begleet an hunn vum 15. bis den 20. Mee 2022 interessant a flott Deeg op Borkum erlieft.
Den 1. Dag stoung Moies eng Inselerkundung um Programm, déi integral vun der 3GPS am Kader vum Fach SCHUS preparéiert ginn ass. D’Schüler vun den 2 Klassen hunn dobäi op eegen Fauscht mam Vëlo verschidden Plazen vun der Insel missten sichen an do verschidden Aktivitéiten maachen. Mëttes dunn kruten mir vun engem Borkumer, dem Här Albertus („Bertus“) Akkermann den Liewensraum Wattenmeer op enger wierklech flotter Wattwanderung méi nobruecht.
Déi Deeg drop goufen mir vun Mataarbechter vum Nationalpark-Schiff Feuerschiff „Borkumriff“ bei verschiddenen Aktivitéiten begleet:
-Nationalpark-Radtour
- Strandwanderung
- Salzwiesenwanderung
Bei dësen Aktivitéiten stoungen ënner anerem Geschicht vun der Insel, d‘Artenvielfalt an déi verschidden Liewensraim vum Wattenmeer am Virdergrond.
Ausserdeem sinn mir mat den Schüler eng 2. Kéier an d’Watt gaange, wou si Aufgaben ze léisen haten. Sou hunn si sech mam Opbau vum Watt beschäftegt, e Wattwurm ausgebuddelt a nach aner Liewewiesen aus dem Watt bestëmmt.
- Dossier 1 Borkum 2022
- Dossier 2 Borkum 2022
- Dossier 3 Borkum 2022
Ee grousse Merci un den Fond National de la Recherche fir déi finanziell Ënnerstëtzung!