Chrëschtmaart 2023

Chrëschtmaart 2023

Den 21. Dezember war nees de schonn traditionellen ALR-Chrëschtmaart am ALR. Trotz dem schlechte Wieder, hate vill Leit de Wee bei eis fonnt fir flott Artikelen ze kafen a fir dono nach eppes Guddes z’iessen an ze drénken.

Déi vill Aarbecht vun eise Schüler an hire Enseignanten aus de leschte Wochen hat sech gelount, um 15:00 Auer ware scho vill Verkafsstänn eidel an och bei den Iessstänn ass et net méi allze vill ginn.

Am Nomëttech waren eng ganz Rei vun eisen „Anciens“ laanscht komm. Si hate sech zum Deel extra fräi gefrot (oder e puer Uni-Coursen „verpasst“) fir hir Proffen a Klassekomeroden nees zeréck ze gesinn.

Ee Jury hat déi schwéier Aufgab fir déi beschte Verkafs- a Spillstänn vun eise 7ème a 6ème-Klassen eraus ze wielen. Et gouf véier Kategorien, hei d’Gewënner :

Nohaltegste Produit: 6C5
Beschte Produit: 6G3
Schéinste Stand: 7C1
Bescht Verkafstalent: 6C2

Mir wëllen op dësem Wee nach emol eisen “Experts externes” Merci soen, déi eis Ekipp bei dëser schwiereger Wiel ënnerstëtzt haten. Dëst waren d’Madamm Romaine Stracks vun der Superdreckskëscht, d’Madamm Cindy Peporte-Reiser aus dem ALR-Elterekomitee an den Här Marc Welter aus dem ECG.

Den Erléis vun dësem Event geet dëst Joer un d’Associatioun „Multilple Sclérose Lëtzebuerg“.

D’ALR-Band an een Ensembel vun Enseignanten aus der Museksschoul Réiden hu fir de musikaleschen Encadrement gesuergt.

Ee grousse Merci och un eise Service technique ronderëm den Thierry Kemmer, hiren Asaz a den leschten Deeg huet et erméiglecht dass eise Chrëschtmaart ouni Problemer ofgelaf ass.

E puer Andréck  vun dësem flotten Nomëtten an Owend fannt dir an der Fotosgalerie.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons