Wat mëscht ee wann säi PC vun engem Virus befall ass? Et léisst een e Antivirus Programm driwwer lafen oder am schlëmmste Fall formatéiert een de Computer an installéiert alles nei. Mee wat ass wann souguer dat net méi hëlleft fir e Virus lass ze ginn?
Wat ass “LoJax”?
Et handelt sech em eng nei Form vu Malware/Rootkit déi sech am Bios festsetzt. De Bios suergt ënner anerem dofir dass däi Windows ka starten. Dëst ass awer eventuell net méi méiglech wann de PC infizéiert ass. Antivirusprogrammer ouni Bios/UEFI Scanner erkennen dee Virus also net.
Wat mëscht ee wann ee befall ass respektiv wéi schützt een sech dofir?
Betraff si virun allem Windows PC'en mat engem méi alem Chipset. Generell gëtt ugeroden sech reegelméisseg op den offizielle Websäite vun de Mainbordhiersteller iwwert Updates fir säi Bios /UEFI ze informéieren.
Méi detailléiert Informatioune fannt der zum Beispill ënnert folgendem Link.