Microsoft Office 365

Microsoft Office 365

Den Microsoft Office 365 ass déi aktuellsten Versioun vum Office. Bei dëser Versioun huet den Verkafsmodell allerdéngs geännert. Wou een fréier den Office an verschiddenen Versiounen konnt kafen an dann installéieren, kann een en an dëser Versioun just nach léinen. Dat heescht et bezilt een pro Mount dofir, dass een en dierf benotzen.

Deen alen Modell existéiert nach allerdéngs ass deen wei virdrun nom Joer benannt, z.B: Office 2016. Den Office 365 huet allerdéngs den Virdeel dass do ëmmer déi leschten Versioun vum Office dran enthalen ass, an dass een déi eenzel Programmer och online an form vun enger Websäit notzen kann.

Séit September 2015 kréien all Schüler den Office 365 gratis zur Verfügung gestallt. Déi Offer gëllt soulaang wei déi jeeweileg Schüler an der Schoul sinn an endegt ongeféier een Mount nodeems se Schoul verlooss hunn.

Nieft den Office Programmer ass et och nëmmen nach méiglech Schoul-Mail iwwert den Office 365 ze kucken. Dëst geet also net méi iwwer MySchool.

Et kennt een un den Office 365 iwwert Websäite http://portal.office.com wou een sech muss aloggen. Dofir brauch een séin IAM-Code an séin Passwuert. Format vum Username ass hei dann Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser., woubäi een IAM natierlech duerch séin eegenen IAM Numm ersetzen muss.

Enthal op der Séit sinn all déi bekannten Programmer wei Word, Excel an PowerPoint, mee och nach en puer anerer wei zum Beispill den OneNote vir sech Notizen ze huelen. Et existéiert och eng Cloud wou een Dateien späicheren an och mat aneren deelen kann, déi nennt sech bei Microsoft OneDrive.

Op dëser Séit fënnt een dann och eng Installatiounsdatei iwwert déi een den Office 365 kann op sengem eegenen Computer installéieren. Nodeems een déi erofgelueden an och gestart huet, muss een sech do nach eng Kéier umellen vir dass een den Office benotzen dierf.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons