Lauréats Jonk Fuerscher 2018

Lauréats Jonk Fuerscher 2018

De Concours Jonk Fuerscher ass de nationale Wëssenschaftsconcours fir Jonker tëschent 11 an 21 a fënnt all Joer säit 1971 statt. Bei der Editioun 2018 hunn 34 Equippen e wëssenschaftleche Projet eragereecht, dorënner 4 Equippen aus dem ALR. D’Schoulgemeinschaft vu ALR gratuléiert hinnen zu hirem gudden Ofschneiden a seet och den Enseignanten déi si begleet hunn e grousse Merci fir hiren Asaz.

Mat engem ganz besonnesche Präis sinn d’Noémie Ney (4CL1) an de Jean-Marc Furlano (4CL1) ausgezeechent ginn. Si däerfen hire Projet beim International Science an Engineering Fair (ISEF) zu Pittsburgh virstellen. Den Titel vun hirem Projet ass “Der Einfluss von Zitrussäure auf Bakterien“

Weider Präisser si gaangen un:  

  • Noah Edert (5CL1) a Jim Welter (5CL1) mam Projet “Apotheke der Steinzeit – Die Wirkung vo Heilpflanzen auf Escherichia Coli“
  • Bob Delli-Zotti (4CL1) a Joé Delli-Zotti (7C5)  mam Projet „Autonome unbemannte Flugobjekte – Anwendungen im Rettungswesen“
  • Emily Cordier (4CL1), Sophie Klein (4C2) an Sylvie-Anne Soares Pereira (4CL1) : « Ist Rot das neue Schwarz ? - Eine psychologische Studie über die Wirkung von Farben auf Männlein & Weiblein“

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons