De 14. an de 15. Januar 2017 sinn zu Adelboden an der Schwäiz d'Landesmeeschterschaften am Ski Alpin an am Laanglaf ausgedroe ginn. An dësem Kader hunn eis Schüler mat vill Erfolleg och ëm LASEL-Titelen gekämpft. Am Riseslalom an am Slalom hunn d'Marie Heck an de Yann Boreiko jeeweils di éischt Plaz bei de Cadet(te)s gemach an am Laanglaf stoung de Sam Frank bei de Minimes ganz uewen um Podium. All Resultater fannt dir um Site vun der LASEL (http://www.lasel.lu). Weider Fotoen fannt dir hei: http://pressphoto.rtl.lu.