Den ALR war bei "Fun in athletics" an der Coque an um Badminton LASEL Championnat vertruden.
"Fun in athletics" an der Coque
Eis Schüler vum ALR waren de 6.2.2014 matt enger Jongen- an enger Meedechers-Equipe beim "Fun in athletics" vun der LASEL an der Coque vertrueden. Eis Jongen sinn op di 10. Plaz komm an eis Meedecher hun et fir di 2.Kéier hannerteneen op di 3. Plaz gepackt, hannert Diddeleng an dem LGL. Mir gratuléieren fir dëse flotten Erfolleg!
Badminton LASEL Championnat
Badminton LASEL Championnat Juniors a Seniors de 6.2.2014 am Athénée an der Stad. Gewënner vum Tournoi ass de Philip De Bruijn. Mir gratuléieren och dem Fränz Mathay fir eng excellent 5. Plaz an dem Pol Kasel fir seng 9. Plaz.
- Fotoen