Genau wéi eis Junioren/Senioren an eis Meedercher, hunn sech och eis Minimes Jongen fir den Tour final am Futsal qualifizéiert. Duerch eng disziplinéiert an konzentréiert Leeschtung an deenen dräi Matcher, konnten si den LCD (2-0), den LNW (4-0) an den NOSL (4-0) klappen. Den Tun am Goal an den Ben, Ermal, Michel an Tim an der Ofwier hunn fir eng gutt Defense gesuergt. Mam Rinor, Bruno an Mathis waren mir offensiv ëmmer erëm geféierlech.
Equipe: Tun Assa, Michel Achten, Ben Frauenberg, Ermal Halimi, Tim Groben, Rinor Kalmendi, Bruno Gomez an Mathis Wolter