LASEL - Football Finalronn

LASEL - Football Finalronn

Och an der Finalronn, wou vun iwwer 30 Lyceeën der just nach 8 Rescht bliwwe sinn, huet eis ALR-Ekipp mam Goalkeeper Joe Pissinger an de Spiller Steve Rodrigues, Tom Bintner, Jeff Fernandes, Leo Loos, Heng Luo a Geoffrey Pouillé ërem ee ganz staarken Optrëtt higeluecht!

An der Gruppephas sinn si an der éischter Grupp déi 2. ginn, dat no 2 Victoiren (2-1 géint den LJBM an 3-1 géint den LTB) an engem Remis géint de spéidere Gewënner LGE (2-2). An der Halleffinal ass et dunn géint de Favorit vum Tournéier an de Gruppenéischten aus der anerer Grupp gaangen, dem LTMAL. Mat engem 4-2 an enger ganz gudder Leeschtung hunn eis Jongen déi Péitenger awer heem geschéckt a stoungen wann och villäicht am Virfeld net erwaard, mee am Endeffekt total verdingt an der Final.

Do huet sech dunn awer no 4 intensive Matcher d’Middegkeet bemierkbar gemaach a mir hunn mat 0-3 géint déi staark Ekipp vun Esch verluer. Trotzdeem, all Respekt fir déi super Leeschtung, eng 2. Plaz vu landeswäit iwwer 30 Ekippen, dat léisst sech weisen!!

Fotoen fannt dir demnächst hei: http://www.lasel.lu/index.php?p=gal

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons