Eis Basketball Meedercher hunn et leider net gepackt fir sech fir di nächst Ronn an der Qualifikatioun fir d'ISF Championnat ze qualifizéieren. No enger Victoire géint den Athénée hunn si ganz knapp op 1 Punkt géint den Lycée Nic Biver verluer a konnten sech och net géint de Lycée Aline Mayrisch duerchsetzen.