Den Freideg 20. September ass den Verkaf vun onser ALR-Thermosfläsch gestart
Am leschten Schouljoer huet Klimateam wärend 1 Schoulwoch versicht all d'Plastiksfläschen ze sammelen, déi am ALR verbraucht goufen. Nom Zielen koume mir op iwwer 1700 Fläschen!
Fir den Verbrauch un Plastiksfläschen ze reduzéieren, gouf dunn eng ALR-Thermosfläsch (0,5L) designt, déi een elo fir 14€ kafen kann. Den Verkaf leeft Méindes an Dënschdes an der Moiespaus am B2 (Preparatioun Bio) a Freides Moies déi 2 lescht Stonn an deenen Schüler aus dem Klimateam duerch d'Klassen ginn. Déi schonns reservéiert Fläschen kënnen och dann ofgeholl ginn respektiv ginn dann verdeelt.