Oft ass et sou, dass een an der Schoul respektiv doheem Fotoe brauch fir seng Projet’en. An dësem Artikel verrode mer dir, wéi's du se fënns.
Den éischte Reflex den een oft huet, et geet e bei Google, oder soss eng Sichmaschinn, et gëtt een säi Betreff an, a scho kritt een onendlech vill Fotoen ugewisen. Méi einfach geet jo net, oder?
Dozou muss ee wëssen dass all déi Fotoen automatesch vun den Homepagen indexéiert ginn, oft ouni dass den Eegentümer iwwerhaapt d’Erlaabnis ginn huet. An dem Fall ass et illegal déi Fotoen ze benotzen. Ausserdeem ass d’Chance och grouss dass d’Foto einfach eng schlecht Qualitéit huet, an deementspriechend net gëeegent ass fir däi Projet.
Wat hues du da vun Alternativen...?
Et ginn immens vill Websäiten, wéi z.b. Shutterstock, Dreamstime oder GettyImages wou ee Biller ka kafen. Op dat Sënn mécht, muss jidderee fir sech selwer entscheeden.
Wat mir brauchen, héichqualitativ lizenzfräi Fotoen, déi gratis sinn...
Eng Foto ass lizenzfrai, wann de Besëtzer d’Accord ass se gratis zu Verfügung ze stëllen oder se fält ënnert d’ Creative Commons Public Domain Lizenz (CC0). De Moment kanns du se gratis benotzen, kopéieren oder änneren.
Och do ginn et zum Gléck ëmmer méi Websäiten déi dir genau dat ubidden. Hei ënnen drënner kanns du dech duerch eis Auswiel klicken, déi aktualiséiert gëtt soubal mir nei Source mat gratis Fotoe fannen. (Lëschten Update: 27.02.2018)