Gesondheetswochen am ALR

Gesondheetswochen am ALR

Vum 19.02 - 1.03.2024 goufen déi éischt Gesondheetswochen am ALR vun der Sportsoptioun organiséiert ginn! Wochelaang hunn déi 18 Schüler*innnen aus der Sportsoptioun didaktescht Material fir de Klassesall a Form vu Power-Point-Präsentatioun a Videomaterial ausgeschafft, do dernieft hunn si kleng Workshops zu verschiddenen Themen wéi "gesond Iessen" "Réckeschoul"; Méi Beweegung am Alldag"; "Braingym" oder Mobilisatioun a Beweeglechkeet" ausgeschafft fir der nëmmen e puer ze nennen.

D'Enseignantë vun alle Klassestufen haten Zougang zu dem Material, iwwert 30 Klassen - deemno iwwert 500 Schüler*innen sinn an der éischter Woch zum Thema Gesondheet sensibiliséiert ginn.

An der zweeter Woch sinn nach weider Partner mat an d'Boot gesprongen, sou datt nieft School-Life-Balance Atelieren ënnert der Leedung vum Claude Huet a Michèle Heusbourg, der Optioun Yoga mat hirer Yogimasterin Noémie Schintgen an de Chefkäche Luc Gansen a Kang Liana an der Optioun Culinaria zousätzlech zu den insgesamt 9 Sport Bootcamps d'Regentë hir Klasse konnten a vill verschidden Atelieren aschreiwen.

Fir eng éischt Editioun kann een nëmmen zefridde sinn - 17 Klassen hunn un 20 ënnerschiddlechen Atelieren deelgeholl, sou datt iwwert 350 SchülerInnen konnten dovunner profitéieren.

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons