Excursioun am Naturschutzgebitt „Schwaarzenhaff“

Excursioun am Naturschutzgebitt „Schwaarzenhaff“

De Mëttwoch 27. Mäerz waren 3GPS an 2CC op Sténgefort am Naturschutzgebitt „Schwaarzenhaff“.  

Dës Excursioun ass den 1. Deel vun engem Projet wou et ëm de Naturschutz an d’Charakteriséierung  vu verschidde Liewensraim geet. An dësem Natura2000-Gebit goufen z.B. Moossnamen ergraff fir Kreuzkröte oder och nach de Flussregenpfeifer ze schützen. Duerch déi fréier industriell Aktivitéiten um Site ass eng grouss Schlackenhalde entstan, op där sech d’Natur am Laf vun de  lëschte  Joerzéngten nees ausgebreet konnt ausbreeden. Donieft ass een Auenwald op der Plaz, mat ville charakteristesche Planzen.

De Projet geet dann am Mee mat der Excursioun op Norderney weider.   

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons