Am Laf vun dësem Schouljoer hunn d'Latinisten aus dem ALR un engem internationalen Projet deelgeholl bei deem am ganzen 10788 Schüler aus 17 verschiddenen Länner ageschriwwen waren.
Et ass drëm gaangen Bréiwer op Latäin ze schreiwen an iwwert dee Wee mat Schüler vu verschiddenen Natiounen a Kontakt ze trieden. Aus enger "doudeger" Sproch gouf soumadder e gemeinsamen Nenner fir nei Bekanntschaften a vläicht souguer Frëndschaften ze fannen. An deem Sënn: Quot linguas calles, tot homines vales. (Autant tu pratiques de langues, autant tu es humain.)