Eng Zukunft als Informatiker, wéi sti MENG Chancen do?

Eng Zukunft als Informatiker, wéi sti MENG Chancen do?

RTL huet folgendes zum Artikerl “Gutt Beruffsperspektiven zu Lëtzebuerg fir Informatiker” am März 2016 publizéiert, dir braucht mol näischt ze liese mä kennt iech d' Ausso vum Minister Meisch ulauschteren: http://www.rtl.lu/letzebuerg/890480.html

Gutt ausgebilten Informatiker sinn hei am Land gesichte Leit. Iwwer 500 Plaze mussen an de nächsten 2 Joer bei de Betriber am Beräich Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik besat ginn. Mä wéi gesäit et zu Lëtzebuerg mam Nowuess aus? Hu sech genuch Schüler a Studenten dofir entscheed, fir Informatik ze léieren?

Zu Lëtzebuerg ginn et de Moment 721 Schüler déi eng Sektioun a Richtung Informatik gewielt hunn. Ronn 530 Studente profitéiere vu Studiebäihëllefen, déi se accordéiert kruten, fir am Beräich Informatik zu studéieren. Dat kann hei am Land oder och am Ausland sinn. Dat ass awer nach net genuch, seet den Educatiounsminister Claude Meisch, an dat obwuel d'Beruffsperspektive fir Informatiker hei am Land excellent sinn. Eng Etude vun den Entreprisen huet gewisen, datt vill méi Leit, mat informatesche Fähegkeete gebraucht ginn, wéi der am Moment do sinn. Leit mat Héichqualifizéierten Diplomer, Bachelor, Master, BTS oder nach méi, hunn eng gutt Chance, fir eng Plaz ze fannen.

Déi Jonk sollen dat digitaalt Universum scho méiglechst fréi kenne léieren. Et gëtt eng Rei Schoulklassen, déi mat iPaden schaffen a Pilotprojet wou Mathematik op digital Manéier geléiert gëtt, nämlech och mat iPaden. D'Schüler am Secondaire sollen awer och selwer kënnen zum Beispill beim Programméieren experimentéiere kënnen, och heifir bidden d'Schoulen déi néideg Infrastrukturen. An de Schoule schafft ee mat sougenannten "Maker Spacen", déi un e klenge Garagebetrib erënneren, wou de Schüler selwer, mat oder ouni Hëllef vun dem Schoulpersonal, soll sech kënnen un d'Programmatioun oder un d'Hardware trauen. Déi Schüler, déi Talent dofir hunn, fënnt een och ganz dacks an de Maker Spacen erëm.

De Moment muss e groussen Deel vun den Aarbechtskräften am Beräich ICT nach am Ausland rekrutéiert ginn. Dat soll sech no Virstellung vum Claude Meisch an Zukunft awer méiglechst änneren.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons