Eeërtécken - dat häertstent Ee 2024

Eeërtécken - dat häertstent Ee 2024

Och dëst Joer war et erëm souwäit. Den 29.03.2024 stoung dat spektakuläert Eeërtécken um Programm, dat vum Departement Informatique organiséiert gouf.

Gewënner 2024: Da Luz Fausto (2GIG)

Zweet Plaz 2024: Medinger Anne (Internat)

Den Fausto krut et fäerdeg sech géint 127 aner Leit, Schüler wéi och Personal aus dem ALR, duerchzesetzen. Op déi 2. Plaz huet d'Madamm  Medinger aus dem Internat et gepackt.

Dëst Joer hate mir och e puer ALR-Oldtimer mat dobäi:

  • Här Boever, directeur honoraire
  • Här Klee, Informatikproff mat engem Been an der Pensioun
  • Här Marcus, Franséischproff an der Pensioun
  • Här Schmitz, Enseignant aus dem Preparatoire an der Pensioun

D'Informatiksdepartement wënscht alle Gewënner vill Spaass mat hirem Präis.

E grousse Merci un eis Fotographen: Amber Dondelinger (4GPS), Nadia Lin (4GSO1), Liam Ferron (4GSO1), Kyra Huberty (4GSO2). Alleguer d'Fotoen fannt dir an eiser Galerie.

Merci fir d'matmaachen an eng schéi Vakanz.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons