Matt 120 Schüler a Schülerinnen am Dëschtennis an baal 100 Participants am Triathlon an alle Kategorien war haut um Donneschden um sportlësche Plang richteg vill lass am ALR. Bei herrlechem Summerwieder hun eis Schüler virun allem am Triathlon ganz gudd Resultater erzielt. De Quentin Muniquen ass bei Minimes ouni Lizenz op di 1. Plaz komm. Bei de Cadets hun de Pol Eicher an d'Liz Ottelé eng ganz gudd 3. Plaz erzielt a bei den Juniors matt Lizenz huet de Charel Eicher gewonnen an de Ben Frank ass op di 3. Plaz komm. Als eenzegen Senior um Départ huet den Daniel Weiler dës Course och gewonn.