Den ALR um Science Quest

Den ALR um Science Quest

Aus dem ALR hunn zwou Equipen den 23.02 um Science Quest vum Luxembourg Institut of Health (LIH) deel geholl.

Acht Schüler aus dem ALR hunn um Science Quest 2018 deel geholl. D'Equipe ALR Science Team 1 huet sech zesumme gesaat aus dem Rhona Willems, dem Jean-Marc Furlano, dem Chris Nothum an dem Bob Delli Zotti (all vun der 4CS1). D'Kelly Simon, de Fränz Hoffmann, den Tom Schummer (all vun der 3BC) an de Jim Welter (5CL1) hunn d'Equipe ALR Science Team 2 gebildt. Encadréiert goufen d'Schüler vum Pol Kieffer an dem Jeff Kohnen.

De Science Quest ass während 3 Deeg vum Luxembourg Institute of Health organiséiert ginn. Während 2 Stonnen hunn eis Schüler missen Aufgaben léisen fir enger Equipe vu Fuerscher ze hëllefen e Projet ze finaliséieren. Si hu missen aus engem Basseng mat 30.000 schwarze Bäll 30 Neonsbäll eraus fëschen, mat enger Drohn fléien, wëssenschaftlech Rätsele léisen, schnell pipetéieren an nach villes méi. Et war eng ganz spannend Erfahrung an eis zwou Equipen konnten de Fuerscher um Enn hëllefen. Pro Aufgab sinn et Punkte ginn, an d'Equipe ALR Science Team 2 konnt sech op der ganz gudder 4. Platz klasséieren, d'ALR Science Team 1 ass op déi 10. Platz komm. All d^'Schüler hunn sech beim Science Quest immens ameséiert, e grousse Merci un d'Organisateuren fir dat flott Event.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons