D’4GCM – d’Money Quiz Champions !!

D’4GCM – d’Money Quiz Champions !!

De 25. Mäerz hunn d’Schüler vun der 4GCM un der nationaler Final vum “European Money Quiz“ deelgeholl.

Et waren eng Rei kniwweleg Froen zu ganz diversen Themen, wéi Kreditter, Assurancen oder awer och Internetsécherheet ze beäntweren.

Mat just 2 Feeler huet eis 4GCM dëse Concours gewonnen an domadder bewisen, datt si als Jonker scho ganz gutt mat Finanzen a Suen eens ginn.

D’Jenny Timoteo Ferreira an de Gonçalo Santos Pereira wäerten d’Klass (a ganz Lëtzebuerg 😊) bei der europäescher Finall, déi am Abrëll stattfënnt, vertrieden.

Mir wënschen hinne vill Gléck a si sécher, datt si och do een Top-Resultat erreeche wäerten.

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

 

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons