Am Kader vun der Semaine de la Presse huet d’Nadja Schoellen mat hirer Klass um Concours « Jeune journaliste » deelgeholl, dien all Joër vum Conseil de presse organiséiert gëtt.
Nodiems d’4eM3 an der Klass Themen wéi « Le bonheur et la société de consommation », « La publicité et son pouvoir manipulateur » an « La liberté d’expression » behandelt an eng interessant a lieweg Visite bai RTL gemaacht huet, hunn d’Schüler sech a Gruppen opgedeelt fir verschidden Aarbeschten zum Sujet « La publicité et la liberté d’expression » ze produzéiren.
Den Dossier mat diem d’4e M3 de Jury vum Concours iwwerzeegt huet, stellt sech zesummen aus dem Artikel « La publicité noire » iwwert de Rassismus an der Publizitéit, dem ALR-Sondage iwwert d’Wichdegkeet vu Markekleedung, engem Videoclip, dien déi sexistesch Cliché’en kritiséire soll an enger Affiche publicitaire, déi de Rassismus dénoncéiert.
D’4eM3 ass houfreg den 1. Praïs an der Kategorie Cycle inférieur et moyen gewonn ze hunn a war och op d’Expositioun an de Forum an d’Stad kucken wat déi aaner Klassen sou geschriwwen, getippt, gezeechent a gefilmt hunn.
Iwer d’Expositioun vum Concours « Jeune journaliste »