Schwéier Ärem awer zefridden Gesiichter!
Den läschten Donneschden haaten 8 vun eisen Schüler d'Chance fir am Pfaffental an der fuschnéier Boulderhal éischt Erfahrungen mat dëser néier Trendsportart ze sammelen. No 2 Stonnen boulderen am Kader vun enger LASEL-Aktivitéit haaten eis Schüler zwar d'Ennerärem schwéier, mee waren awer och ganz zefridden..
Fir weider Informatiounen iwert d'Sportart Boulderen gitt einfach op den Site vum Boulder Klub Lëtzebuerg (BKL) kucken. Do fannt dir och Informatiounen iwert hirt néit Boulder House am Pfaffental.