Virun der Allerhellgevakanz war e ganz spezielle Rendezvous an der Bibliothéik vum ALR. 12 Klassen hunn un engem Booktasting zum Thema Halloween deelgeholl a konnte 5 verschidde Bicher schmaachen.
Am ganze goufen 116 Bicher an 3 verschidde Sprooche geschmaacht a Verschiddener och ausgeléint. Musek an Deko hunn dofir gesuergt datt d'Schüler an enger grujeleger Atmosphär nei Liesbicher konnte kenneléieren.