Vum Axxess Cross am Bambësch hunn d'Schüler aus dem ALR erëm excellent Resultater matt heem bruecht. 72 Schüler waren dobäi a bis op de Podium hu folgend Schüler et gepackt: Bei de Cadets ass de Loic Bettendorff am Schlusssprint 2. ginn an de Mik Esser ass als 3. an d'Zil gelaf. Bei de Juniorinnen hunn d'Tessy Cruchten an d'Claire Marnach di éischt zwou Plazen ënnert sech ausgemaach. Hei fannt dir eis Galerie. Weider Resultater fannt dir hei: http://www.lasel.lu/cal/cal1617t1/resul_ATH_AXX.pdf