Den 9. Juni maache mir eise Lycée owes op, fir flott/interessant Projeten, déi am Schouljoer 2022/23 am ALR gelaf sinn an op déi mer besonnesch houfreg sinn, den Elteren, Matschüler*inne, Enseignanten, dem Personal... ze weisen.
Et geet um 18h lass mat dem Chouer vun eise 7e-Schüler*innen. Duerno kann een sech dann a Rou d’Ausstellunge bzw d’Live-Optrëtter (Danz, Theater,...) ukucken. Fir Iessen a Gedrénks ass och beschtens gesuergt. Dat alles am Kader vun enger Aart (Fréi)Summer-Fest.