ALR-Projeten: Eis Schüler bleiwen drun!

ALR-Projeten: Eis Schüler bleiwen drun!

Eng ganz Rei vun eise Schüler hu sech net vun der Corona-Kris decouragéieren gelooss an och wärend dem “Shutdown“ an no der Rentrée weider un hire Projeten geschafft – mat dach ganz beachtleche Resultater.

Esou hunn d’Mini-entreprisen DesignLine a Bee Papered hir jeweileg Geschäftsiddië weider entwéckelt, nei Optreeg a Commanden u Land gezunn, déi et hinnen erlaabt hunn hiren Ëmsaz a Benefice ze vergréisseren.

Duerch hiren Asaz ass et hinne gelongen fir an d’Halleffinall vum Concours fir déi beschte Mini-entreprise vu Lëtzebuerg ze kommen, Bee Papered huet esou guer de Sprong bis an d’Finall gepakt.

Och eis méi jonk Schüler hunn net opginn. Déi zwou Gruppen “The Workers” an “The Professionnals” – déi Nimm droe si net vun ongeféier – besteeënd aus Schüler vun eise 4GIG a 4GCM, hu wärend dem Confinement weider un hiren Dossieren a Presentatioune geschafft, déi et hinnen erlaabt hu bis an d’Finall vum Concours “My first Enterprise” ze kommen. Do konnte si hir Projeten iwwert eng “Zoom”-Presentatioun engem Jury virstellen.

Mir felicitéieren all eise Schüler fir déi errechten Resultater a soen hinne Merci fir hiren Asaz an hieren Duerchsetzungswëllen an dësen net einfachen Zäiten.

Fir datt dir iech selwer vun hirem Engagement iwwerzeege kënnt, fannt dir iwwert dës Linken hir respektiv Presentatiounen (klickt dofir op déi verschidde Logoen). Kuckt iech och onbedéngt de Video un, dee Bee Papered fir d’Finall vun der beschter Mini-entreprise gedréint huet.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons