ALR Bikepark

ALR Bikepark

De Bikepark ass aus der Zesummenarbëcht vum Atert Lycée Réiden, der Gemeng Réiden an dem Cycling Team Atertdaul enstan.

De Jo Breuer (ALR) huet de Bikepark mam Jan Krieger (Krieger Bikeparkshape) geplangt, koordinéiert a mat Hëllef vu Schüler am Kader vun den ALR-Talents an eisem Service Technique realiséiert. Den 10. Juni ass de Bikepark mat groussem Succès a Präsens vun eisem Direkter, de Gemengenautoritéiten an dem Cycling Team Atertdaul ageweit gin. De Minister fir Landesplanung, den Här Claude Turmes, huet et sech net huele gelooss fir laanscht ze kommen a seng Begeeschterung fir dëse Projet an enger flotter Ried zum Ausdrock ze bréngen.

Fir Spaß an Action war och gesuergt, well de Nick Schubarth, professionellen Slopestyle-Fuerer vu Specialized, konnt engagéiert gin fir eng flott Show zesumme mat de begeeschterten Kanner ofzeliwweren. De Bikepark ass op fir jiddereen a soll een Treffpunkt fir Jonk an al aus der ganzer Regioun sinn.

 

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons